Microsoft: Windows Vista an Office 2003 & 2007 schwätzen och Lëtzebuergesch. Sproochen-Interface-Päck, fir gratis erofzelueden, maachen et méigelech.

Wousst Dir schonn, datt et gratis Versioune vun de Microsoft-Produiten op Lëtzebuergesch ginn?
Sproochen-Interface-Päck, och Language Interface Packs (ofgekierzt LIP) genannt, ginn et fir Windows Vista an Office 2003 & 2007.
De LIP fir Windows Vista offréiert eng Lëtzebuergesch Versioun fir d’Windows Vista Dialogen, Menuelementer an Hëllef-Contenuen, déi am heefegste virkommen.
De LIP fir Office 2003 & 2007 offréiert ee Benotzer-Interface op Lëtzebuergesch fir folgend Microsoft Office Programmen: Excel, Outlook, PowerPoint & Word. Et ass souguer eng Rechtschreifhëllef fir Lëtzebuergesch mat derbäi!
D’Language Interface Päck fir Windows 7 & Office 2010 ginn am Ament iwwersat, mee si wäerten vun 2011 un disponibel sinn.
Erofluede kann een d'Language Interface Päck fir Windows & Office op folgend Siten, Viraussetzung ass allerdéngs, dass een di englesch Versioun installéiert huet:
Windows Vista: http://www.microsoft.com/downloads/details.aspx?FamilyID=0e21eb7b-e01a-4fcc-b7f1-30e419da7f5b&displaylang=lb
Office 2003: http://www.microsoft.com/downloads/details.aspx?FamilyId=CCF199BC-C987-48F5-9707-DC6C7D0E35D0&displaylang=lb
Office 2007: http://www.microsoft.com/downloads/details.aspx?FamilyID=91426c33-ea45-482d-af08-cd8ea8cbfd53&displaylang=lb


