Schued duerch de Frascht
RTL - 13.02.2012, 17:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.02.2012, 17:27

En Schued den esou entsteet gëtt vum enger Assurance dégât des eaux iwwerholl, virausgesat déijéineg den am Haus oder Appartement wunnt huet déi néideg Virsiichtsmoossnamen geholl. An aneren Wieder: hien muss derfir suergen dass d'Reim gehetzt sinn. Deemno iwwerhëlt den Assureur Schied déi accidentel passéieren d.h. Schied déi net virauszegesinn woren. Dat kann z.B. den Fall:
· wann d'Heizung aus wat fir enger Ursaach och ëmmer net méi usprengt (huelen mir emol un Dir sidd an der Vakanz an mierkt deemno net dass d'Heizung net méi funktionéiert)
· wann iwwert eng gewëssen Zäit keen Elektresch do ass
· …
Doriwwer eraus muss deejéinegen den am Haus oder Appartement wunnt dofir suergen dass Leitungen déi an Reim sinn wou net gehetzt ass isoléiert sinn. Den Locataire ass doriwwer eraus verantwortlech dass d'Reim déi hien gelount huet gehetzt sinn. Wien fir den Entretien vun der Chaudière responsabel ass muss tëscht dem Locataire an dem Proprietaire gekläert ginn (am beschten schrëftlech wann den Bail ënnerschriwwen gëtt).
Wann et zum Schued kennt iwwerhëlt den Assureur d'Konsequenzen vum Austrieden vun Flëssegkeet plus d'Reparatur vun den Leitungen bis zu dem Betrag den am Vertrag steet. Hei kommen eventuell och Käscht fir d'Oprappen an d'Schléissen vun der Mauer derbäi.
Roland Bisenius
