RTL.lu um iPhone & iPad

D'iPhone App vun RTL.lu: APPsolut RTL

RTL.lu um iPhone

 

D’iPhone Applikatioun vun RTL geet an déi nächst Generatioun

Nach méi séier, nach méi iwwersiichtlech: Dir gitt elo direkt gewuer, wat zu Lëtzebuerg lass ass a wat an der Welt passéiert – op Lëtzebuergesch oder op Franséisch!

Op deem neien Homescreen fannt Dir op ee Bléck all d’Headlines vun der nationaler, internationaler a sportlecher Aktualitéit, plus Videoen, Meteo- an Trafic-Informatiounen an RTL Radio an Télé live.

 

 

 

Och d’Navigatioun vum Menu gouf iwwerschafft an Dir hutt elo nach méi en einfachen Accès op Rubrike wéi:
News (national an international)
Déi komplett Sportsaktualitéit
Trafic an Trafic Reporter
Fotoen
Auto
Service
Lifestyle & Horoskop
Lieserbréiwer & Kommentaren
...

All dës Informatioune sinn an zwou Sproochen disponibel, op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

Kuerz gesot, déi nei RTL iPhone App:
- ass disponibel an 2 Sproochen
- huet e komplett neien Homescreen
- krut en neien intuitive Menu

Déi nei iPhone App vun RTL, ëmmer aktuell an ëmmer app to date!

Ech brauch Hëllef!

RTL.lu um iPad

Opgepasst! All déi Leit déi hiren iPad op d'Versioun 4.2.1. geupdate hunn, mussen och d'RTL iPad App am App Store updaten fir datt déi erëm fonktionnéiert.

D' RTL iPad App bitt Iech eng komplett Offer u Servicer un, déi alleguerten op Är Besoinen ugepasst sinn.

All dës Inhalter ginn Iech gratis proposéiert a si fir Ären iPad optimiséiert ginn. Zum Beispill fannt Dir dës Contenuen:

    • national an international Neiegkeeten
    • eng besser a méi kloer Opdeelung vun den Inhalter
    • eng intuitiv Navigatioun
    • einfach ze gebrauchen
    • méi Text, méi Video a méi Reportagen
    • attraktiv Rubriken :
    • Radio an Télé Live oder am Archiv
    • déi neisten Noriichten
    • Sport News
    • Fotogalerien
    • Trafic Info
    • Lieserbréiwer
    • d’Wieder
    • Kino
    • Horoskop

All Contenu gëtt permanent aktualiséiert a kann och esou zu all Moment gekuckt ginn. Ënnert anerem, kann d’RTL iPad App och „offline“ benotzt ginn. Dir kënnt bei all Connectioun, déi aktuell Editioun späichere fir se duerno ze liesen.

Luxdico iPhone App

RTL.lu um iPhone

D‘Applicatioun vum Dictionnaire Luxdico versteet sech als Iwwersetzungshëllef. Si besteet fir den Ament aus ronn 55 400 Iwwersetzungen, dovunner 27 700 a Richtung lëtzebuergesch-franséisch an nach eemol 27 700 a Richtung franséisch-lëtzebuergesch.

D’Applicatioun ass séier an zu all Moment accessibel. Nodeems Dir d’Applicatioun installéiert hutt, braucht Dir keng Internet-Connectioun fir de Gebrauch.