Gewannt d'Buch: "Bléck op Lëtzebuerg"
RTL - 21.12.2011, 10:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2011, 11:49

Schéckt eng SMS op de 62468*
mam Code:
"Fotosconcours" + Ären Numm an Adress
a gewannt d'Buch "De Fotosconcours"
Entdeckt d'Realitéit duerch d'Lëns vun engem aneren. Gesitt eng aner Realitéit!Mat wéi engen Ae kucken d'Lëtzebuerger? Wourop fält hire Bléck, wa si sech gesinn, hiert Land oder d'Welt iwwer d'Grenzen ewech? A wat halen se fest vun deem, wat hinnen an d'A stécht? Am Kapp, am Gediechtnes a vrun allem am Fotoapparat? Un Hand vun dëse Froen huet RTL.lu 2010 en Online-Fotoconcours lancéiert wou d'Leit fir dës 6 Kategorie hir Fotoë eraschécke konnten: D'Resultat ass einfach nëmme fantastesch. Reng zueleméisseg heescht dat: eng 7.000 Fotoe vun iwwer honnert Fotografen an Zäit vu 6 Méint. | |
![]() | Zu engem Concours gehéiert awer och, datt Fotoe priméiert ginn. Dëser Aufgab huet sech ee Jury avec jugeote ugeholl: Christiane Kremer, Programmcheffin vun RTL Radio |
Donieft gouf et nach e Publikumspräis deen un de Vito Marinelli gaangen ass. Aus engem Prechoix vu 50 Biller, toutes catégories confondues, hunn d'Internauten hir Favritte bestëmmt.
Erauskomm sinn dës 136 Säite mat ville klenge Meeschterwierker, ronn 300 Fotoen, zu deenen natierlech all d'Laureate gehéieren.
Huelt och Iech dëst Meeschterwierk aus Lëtzebuerg an Är Bibliothéik a spillt elo mat oder kaaft et an all gudder Libraire oder bei den Editions Schortgen selwer fir de Präis vun 24,50 Euro.
* Fir 50 Cent den SMS.

