René Scho
D'Amicale des Sapeurs-Pompiers Vétérans haten en Donneschdeg op eng Seance Academique am Trifolion zu Iechternach geruff, fir hire 50. Anniversaire ze feieren, dat a Präsenz vum Grand-Duc Jean. D'Erëffnung war vum Jean Stracks, President vun der Amicale. D'Geschicht vun der A.S.P.V. ass vum Secrétaire Nico Grisius virgedroe ginn. Da koum d'Usproch vum Verbandspresident Marc Mamer an déi vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf. Tëscht de Riede huet den Jazz-Ensemble vun der Iechternacher Musekschoul fir Ambiance gesuergt. Fotoen: René Scho
D'Martine Hansen an de Marc Spautz sinn elo offiziell Minister. Déi zwee CSV-Politiker hunn um Dënschdeg de Moien hiren Eed am Palais virum Grand-Duc ofgeluecht. Ëm 11 Auer koum dunn de Ministerrot fir eng éischte Kéier a senger neier Zesummesetzung beieneen. Um 9 Auer war och schonn ee Conseil, nach mat der aler Besetzung, also nach eng leschte Kéier mat de Ministere François Biltgen a Marie-Josée Jacobs. Déi éischt Passations des Pouvoirs an de Ministèren, wou d'Responsabilitéit wiesselt, sinn en Dënschdeg, 30. Abrëll am spéiden Nomëtteg. De René Scho war fir eis am Palais an am Regierungsrot derbäi. Hei seng Impressiounen.
En Dënschdeg, 16. Abrëll, hat den Adamo de Wee op Mondorf fonnt. Iwwer 2.000 Leit waren am "Chapito" vum Casino 2000. Bei enger super Ambiance huet den Adamo seng schéinsten Oldy-Lidder zum beschte ginn an huet de ganze Sall zum Matsange bruecht. Och nom Concert haten d'Organisateuren vum Casino nach eng Iwwerraschung fir de Sänger an d'Spectateuren. Am Hibléck op hiren 30. Gebuertsdag gouf et e grousse Kuch, deen gratis verdeelt gouf. Fotoe vum René Scho.
Die Swissminiatur wurde am 6. Juni 1959 eingeweiht und hat 2009 ihre ersten 50 Jahre gefeiert. Es handelt sich um einen Miniaturpark im Freien. Er befindet sich in Melide, einem romantischen Dorf am Ufer des Luganersees, im Kanton Tessin, dem Italienisch sprechenden Teil der Schweiz. Der Park ist umgeben von berühmten Bergen wie der Monte Generoso, der Monte San Salvatore oder der Monte San Giorgio, der dem UNESCO Weltnaturerbe angehört. Auf einer 14‘000 qm grossen Parkfläche werden dem Besucher mehr als 120 handgefertigte Modelle der bekanntesten Gebäude, Denkmäler und Transportmittel der Schweiz gezeigt, alle im Massstab 1:25. Eine 3‘560 m lange Modelleisenbahn mit 18 Zügen fährt durch den Park, sowie über Brücken und in Bahnhöfe und lässt nicht nur die Herzen der Kinder höher schlagen. Die Schiffe kreuzen auf den Seen, Autos fahren auf den Autobahnen und Luft- und Standseilbahnen schweben und fahren den Berg hoch und runter. Für Gartenliebhaber wurde der ganze Park mit 1'500 Pflanzen und mehr als 15'000 Blumen bepflanzt. Den Kindern steht ein Spielplatz zur Verfügung. Fotoe vum René Scho
Iesse fir de gudden Zweck, zerwéiere fir de gudden Zweck ... a fotograféiere fir de gudden Zweck: De René Scho huet fir eis Impressiounen am "Cercle Municipal Luxembourg" gesammelt an dokumentéiert, wéi d'Equippe vun RTL sech am Service gemaach hunn. Hei seng Foto-Chronik vum Freidegowend, 15. Mäerz 2013. Loosst Iech se gutt schmaachen ...
Gréissere Society-Moment um Donneschdeg de Mëtteg, 27. Dezember 2012 op Schlass Bierg: D'groussherzoglech Famill hat op Colmar Bierg invitéiert, wou de Prënz Felix, den zweeteelste Fils vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, a seng zukünfteg Fra Claire Lademacher offiziell hir Verlobung gefeiert hunn. D'Press aus dem In- an Ausland wor präsent, wéi sech déi jonk Koppel zesumme mat hiren Elteren a Gesëschter de Fotografe presentéiert huet. Fir RTL.lu war de René Scho um Event.
Um Dënschdeg, 4. Dezember ëm 9.30 Auer war zu Rëmeleng an der Galerie eng Mass mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. Ronn 200 Leit dierften derbäi gewiescht sinn, dorënner vill Prominenter. Nodeems eng Gerbe beim Monument vum Biergmann deposéiert gi war, hunn d'Harmonie Municipale an d'Chorale Ste Cecile d'Feier encadréiert. D'Mass an der Minière gouf bei 14 bis 16 Grad gefeiert, duerno huet d'Gemeng den Éierewäin offréiert. Fotoen: René Scho, Rëmeleng
E Sonndeg war den traditionelle Bazar vum lëtzebuergesche Roude Kräiz um Lampertsbierg. Ronn 300 Benevole waren hei am Asaz an hunn op deene verschiddenste Stänn all méiglech Produiten, vun Iesswuere bis hin zu Kleeder a Bicher, verkaf. Den Erléis vun dem Bazar geet integral un d'Rout Kräiz a gëtt da fir verschidde Projeten op nationalem an internationalem Plang genotzt. An d'Benevolen an d'Organisateuren hate genuch ze dinn, well scho kuerz no der Ouverture vum Bazar war d'Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg gutt gefëllt. Hannert de Verkaafsstänn war ee dofir ganz zefridden. Fotoandréck vum René Scho
E Samschden, den 20. Oktober war de groussen Dag: D'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume a sengem Stéphanie. Och de René Scho war fir RTL.lu op der Plaz an huet Andréck vun dësem wichtegen Dag gesammelt. DOSSIER: Mat ville weidere Fotoen an Infoen.







