Auto-Fotoen

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Automag um Radio: Hyundai i30 Coupé (6. Mee 2013)

"Made in Korea" steet op eisem Testauto, oder éieren net? De fuschneie Hyundai i30 als Coupé parkt haut am Automag. De Christian Schmit war am Alldag mam Coupé ënnerwee. Déi produzéieren och elo an Europa a vun de Koreaner si mir jo mëttlerweil gewinnt, dass déi ganz séier léieren an a punkto Technologie mat vir bäi sinn. Dat gëllt och fir de Hyundai i30. Neierdéngs leeft deen och elo als Coupé vum Band. Hyundai gesäit deen och als eegestännege Modell an net just als zweediereg Versioun. De koreanesche Konstrukteur hält och drop ze betounen, dass de Modell an Europa entwéckelt, designt an och produzéiert gëtt. Zu Mosovice an Tschechien gouf 1 Milliard investéiert, do schaffen 3.400 Leit. Fotoen: Christian Schmit AUDIO: Den Automag vum 6. Mee.


Occasiounsmaart zu Ettelbréck

Fir den Occasiounsmaart an den Däichhalen zu Ettelbréck ass et et dëst Joer de 25. Gebuertsdag. Vum 26. bis den 28. Abrëll 2013 si ronn 18 Garagisten mat iwwer 200 Autoen a Motoen mat dobäi. Donieft si flott Oldtimeren an Sportsautoen exposéiert. Fotoen vum Domingos Oliveira.


Hyundai - Genesis Coupé

104,69 Euro, genee esou vill oder esou wéineg muss ee pro Pärd bezuelen wann een sech een Hyundai Genesis Coupé an der Versioun 3,8 V6 keeft. 347 Pärd sinn et am ganzen déi de koreanesche Coupé op d'Strooss bréngt. Fotoe vum Paul Origer.


Expo "Elektromobiliéit" am Däitsche Musée zu München (30.3.)

"Aufgeladen - Elektromobilität zwischen Wunsch und Wirklichkeit", esou heescht eng interessant Ausstellung am "Deutsches Museum" zu München. Si leeft nach bis Hierscht 2013. Den Drang, no alternative Brennstoffer ze fuerschen a sech domadder fortzebeweegen, ass net nei, wéi de Christian Schmit bei sengem Besuch festgestallt huet ... AUDIO: De Reportage vum Christian Schmit. FOTOEN: Dem Steve Müller seng Andréck aus dem Verkehrszentrum vum Däitsche Musée. Deutsches Museum / Verkehrszentrum am Bavariapark, direkt nieft den Oktoberfest-Wiesn, hei steet an sech alles, wat eis "beweegt". Nach bis de 15. September steet do d’Elektromobilitéit am Mëttelpunkt. Den Elektroauto steet jo am Moment am Fokus vun der Diskussioun, op dësen dann elo eis Mobilitéit wäert veränneren oder net ... Fotoen: Christian Schmit


Mazda6 (RTL-Autotest)

De Mazda6 beweist, dass déi klassesch Limousine nach net ausgestuerwen ass. Well de Pascal Becker sech gutt geschéckt huet, krut hien e rouden Testauto AUTOMAG: Mazda6

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »